No Victoire géint d’CFL 51:80 an den Eurobasket 80:57 ass eis Ekipp lo éischt am Championnat an dat zesummen mat der BIL an de Black Lions. Et gesäit elo virun Ufank vun der Réckronn ganz duerno aus, dat den Champion ënnert dësen 3 Ekippen ausgemeet gëtt.
Eis Ekipp huet gudd gespillt an Charakter bewisen. Félicitatiounen och un den Interimscoach!
Den Heemmatch géint d’Post ass verdéngt dank gudder Defense an séierem Spill gewonne ginn. Den 3. Véierel (22-6) huet der Post defintiv d’Genéck gebrach.
Endresultat 65:49. Weider esou!
Déi 2 Ekippen sinn dach schons mat engem héichwërtegen Kader fir de Bascolchampionnat ugetrueden. Während 3 Véirel konnt sech keng Ekipp richteg ofsetzen, ier dunn am leschte Véirel eis Ekipp voll opgédréint hued an bei der Bil awer guer näicht méi gaangen ass. An Zuelen ausgedrëckt een 3:32!
Esou ginn des Punkten op eisen Kont!
Den éischte Match vun der neier Bascol Saison ass géint d’Lions verluer gang. De Match wär am Ufank op béiden Saïten flott unzekucken. Wann d’Police un de Score rukomm ass, hun d’Lions awer emmer rem een 3er fonnt fir den Écart oprecht ze erhaalen.
No der Paus ass den Niveau allgemeng gefall. Et hat een awer dunn d’Impressioun dat de BBC Police d’Bladd géif dréinen, mee emmer wa mir no drun wären, huet eis Ekipp sech duerch Worfpech vu baussen, onorgansiéiert Attacken an onnéideg „Perte de balles“ sech selwer e Been gestallt.
Esou hun d’Lions um Schluss verdëngt mat 57:70 gewonn.