Géint den Team Teaching konnten maer eis am 1. Veierel direkt en Avantage vun 15 Punkten eraus spillen an deen och iwwert den ganzen Mätch hin jereieren.
Defensiv stoungen maer ganz gudd, an dat huet eis erlaabt desen Avantage ze haalen.
Team Teaching huet awer den ganzen Mätch net labber geloss, dest wahrscheinlech en Vue vun der Bascol Coupe final en Samsden geint d’Black Lions.
Elo heescht et nach geint CFL & den Eurobasket gewannen fir daerfen den Champion an der Bascol ze féieren!
De Match géint d’Black Lions, aktuelle Leader am Championnat, wär keen schéinen Basket, mee éischter eng Renconter mat Kampf an Asaz. Keng Ekipp konnt sech esou richteg ofsetzen, an du gouf et zum Schluss e richtegen Krimi, well et goung an d’Verlängerung. Do hat eis Ekipp dunn déi besser Reussite an esou gouf de Match mat 60-63 gewonne!
Des Victoire géint den direkten Titelkonkurrent wär extrem wichteg fir weider an der Titelcourse ze bléiwen. Et bléiwen elo nach 3 Matcher ze spillen a wann déi all gewonne ginn, kann den Champion geféiert ginn!
Just am éischte Véierel wär d’Partie ausgeglach. Duerno hunn eis Physis an eis Iwwerleeënheet ënner dem Kuerf (points in paint) den Ënnerscheed gemeet, esou dat des Partie tëscht dem Tabellendrëtten an Tabellensechsten däitlech mat 47 zu 83 fir d’Police ausgaangen ass.
Bedingt duerch Verletzungen & Erkältungen hun maer mat nemmen 5 Spiller un den Eliminatoiren vun der Bascol Coupe den Samsden 02.02.2019 deel geholl.
An eiser Pool dei net einfach wuer konnten maer awer duerch en staarkt Kollektiv all Mätch gewannen sou dass maer die 1. an eiser Pool gin sin.
Police – EIB : 23-8
Police – POST : 30-19
Police – Eurobasket : 23-17
Police – BIL : 21-18
Leider hunn sech 2 Spiller am Mätch geint BIL un der Wued verletzt, esou dass maer ½ Final geint Black Lions zwar zu 5 ugefaang hun awer den ganzen Mätch zu 4 gespillt hun an do 45-27 verluer hun.
Am éischte Véirel hat eis Ekipp keng Réussite an esou stung et 9:17 fir d’BIL. Den 2. Quarter wär dunn méi ausgeglach an ennert dem Impuls vun engem gudd opgeluegten Loesch stung et an der Halschent 27:34.
Nom Téi ass bei eiser Ekipp dunn endlech de Kampfgeescht erwächt an d’Réussite wär endlech och bei eisen aneren Matspiller do, esou dat mir op 1 Punkt virkoumen. Am leschte Véirel wär et dunn dauernd eng ganz enk Këscht. Dem Samy Picard sengen 39 Punkten konnte mir mat enger geschlossener Mannschaftsleschtung begéinen.
Schlussresultat 63:60 an insgesamt gesinn, een attraktive Match mat engem héichen Niveau fir Bascolverhältnisser!