An enger flotter Ambiance wären déi 2 Ekippen iwwer praktesch de ganzen Match ëmmer gläich op . Am „Money-Time“ hun d’Special Olympics awer dunn duerch puer ganz onerwaert Attacken eis Ekipp iwwerrumpelt an esou déi néideg Punkten fir d’Victoire geschoss. Bravo fir dëst taktescht schlaut Manöver !
No 2 Joeren Vize-Champion konnt de Club endlech rëm den Titel féieren. An sech esou no 2010 rem an de Palmarès vum Bascol Championnat androen.
Am leschten Match vun der Saison konnte mir direkt am Ufank een Ecart vun 20 Punkten rausspillen. Den Euro-Basket huet awer nie opgin, esou dat den Ecart konstant bliwwen ass. Mam Endresultat vun 56:80 konnt net nëmmen eis 11. vun 12 Victoiren an der Saison agefueren gin, mee och de Schampes opgemeet gin fir den Champion ze féieren!
Bravo un eis Ekipp, d’Coachen, d’Offiziell an den Comité!
Wéi praktesch an all Match des Saison , hunn mir eis am 1. Vierel schwe´er gedo´en fir eist Spill ze fannen.
An der Défense as net mateneen geschwaat gin, mir hun net ausgeblockt, mir hun net aus Team geschafft, eis Attack bestoung aus muncher Feelpass, eis Lay-Up´en goungen net eran, an doduerch hun mir eis selwer nervös gemaat an emer méi hektesch gespillt.
Ab den 2. Vierel hun mir Rou font , eist Spill opgebaut , iwerle´en Passen gemaat, an der Défense een deem aaneren gehollef, geschwaat mateneen, jeh mir hun net nemen Team geruff nee mir waren en Team.
No der Halschent waeren mir klo´er iwerle´en an woussten eng secher Differenz erauszespillen , waat eis erlaabt huet 11 Spiller och ´spillen´ ze loossen!