Défaite géint Team Teaching

Et waer schons virun dësem Match kloer, dat de Gewënner eng sérieux Optioun op den Championstitel géif huelen.

De Match tëschent den 2 Titelkonkurrenten ass mat 100 à l’heure ugangen an eis Ekipp waer direkt vun Ufank un exzellent agestallt. No 5 Minuten waeren mir schons 5:17 vir an et gung mat 16:26 an den 2. Quarter.

Leider ass dunn am 2. Véirel d’Linn verluere gangen, trotz ville Fehlpassen an schlechten Schëss konnt sech awer nach mat 31:33 an d’Paus gerëtt ginn

Nom Téi huet sech dunn de Match ufanks op deenen 2 Saïten equilibréiert, mee d’Schoulmeeschteren hun awer vun eiser schlechter Trefferquote profitéiert fir an der 26 Minutt dunn a Féierung ze goen. 4 Dräier vum Rui Nunes hun dunn de Schoumeeschteren et erlaabt, den décisiven Ecart ze maachen an esou ass den Quarter 23:9 verluere gangen

Am leeschten Véirel hun eis Jongen nach enger Kéier alles dru gesaat, mee et sollt näicht méi ragoen. Endresultat: 70:61 fir den Team Teaching

An der Coupefinall!

Lëschten 1. Februar huet eis Ekipp zu Ueweranven d’Eliminatoiren vun der Bascol Coupe gespillt.


Nodeems all Matcher an der Pool géint d’BEI, EY an Amazon konnte gewonnen gin, konnt eis Ekipp och Arcus an der Halleffinall schloën an steet soumat an der Finall vum der Bascol Coupe.

Do wäert mat den Schoulmeeschteren. leschtjaehregen Coupe Gewënner, een zolitten Géigner op eis, deen awer ze packen ass.  Den 14. Mäerz ass eng exzellent Geleeënheet fir no 2003/2004 erëm eng Kéier d’Coupe kënnen ze féieren.


Kommt eis Ekipp Samschdes den 14.3 um 15h15 am Virfeld vun der LALUX Ladies Cup an der Coupe de Luxembourg an d’Arena vun der Coque uféieren!

6 weider Punkten um Kont!

This image has an empty alt attribute; its file name is Bascol-Logo-2017.jpg

Eis Ekipp ass rem op Titelcourse!

Géint Spuerkees ass mat 61:84 gewonn ginn, d’ersatzgeschwächt Post ass mat 97:39 ënnergangen an géint d’CFL huet eng zolitt Teamleeschtung zu enger 77:54 Victoire gefouert

Op der Xmas Feier hu mir eis et rem gudd goen geloss!

2 weider Victoire akasséiert

This image has an empty alt attribute; its file name is Bascol-Logo-2017.jpg

Géint Lions waert et um Schluss eng ganz enk Partie. Am Ufank konnt keng Ekipp sich esou richteg duerchsetzen, ier dunn den Diddlenger Barnelli e phenomenalen Laaf krutt an vun eiser Ekipp net gestoppt gouf. Riicht am leschten Quarter, wéi säin Punktekonto scho bei 30 waer, konnt hien gebremst ginn a wéi eist Spiller dunn och endlech hiren Effort ënner de Kuerf verlagert hun, konnt an deene 2 leschten Minuten d’Partie zu onsen Gonschten gedréint ginn. Endresultat:68-75

De Heemmatch géint d’BIL, déi mat engem ganz schmuelen Kader ugeresst waeren, gouf ouni gréisser Problemer mat 84:53 gewonn.

2 mol gewonn, emol verluer

Géint d’Post (57-65) an d’CFL (49-96) konnt 2mol eng Victoire agefuer ginn.

Géint den Team Teaching, dee mat enger staerker Ekipp ugetrueden waer, an besser getraff huet, goung et trotz enger akkzeptabler Leeschtung net duer. De Match goung mat 57:75 verluer

WordPress Themes