Géint d’CFL huet eis Ekipp vun Ufank un gutt gespillt, esou dass de Géigner eigentlech ni richteg erukoum an d’Victoire mat 51:65 an d’Réi gaangen ass.
Géint den Team Teaching hu mir weder offensiv nach defensiv geglänzt an esou si déi 2 éischt Véierel mat 21:8 an 18:15 verluere gaange. Wéi dunn op eng méi aggressiv Mann Defense ëmgestallt gi ass an den 3. Véierel mat 12:19 gewonne gouf an et hätt een kënne mengen, mir kéinten d’Blat nach dréinen. Leider ass deen gudden Effort am leschte Véierel net bäigehale gi, esou dat mir schlussendlech mat 64:53 de Kierzeren gezu hunn.
Fazit vun der Hironn: Mat nëmmen 2 Victoiren aus 5 Matcher dach éischter enttäuschend, mee mir wäerte sécherlech an der Réckronn nach een Zant zouleeën. Allez BBC Police!
Zum Optakt vum Bascol Championnat no der laanger coronabedengter Paus hu mir leider 2mol direkt géint Titelkandidaten verluer.
Géint Spuerkees ass mat 58:61 verluer gin. Et waer e flotte Match fir nozekucken an fir Bascolverhältnisser op engem héigen Niveau. D’BCEE waer awer am „Money time“ méi ofgekacht an konnt de Match um Ënn dréinen.
Géint d’Black Lions waer eis Ekipp manner a Form, vill dolanscht geschoss an schlecht Defense. Een grujelegen 2. Véirel (20:2!) hue de Match entscheed. Endresultat 60:50 fir d’Lions.
D’Ekipp vun EY Lëtzebeurg, déi nëmme mat 5 Spiller ugetrueden waer, waer keen Gradmesser an. De Match gouf locker 86:56 gewonn.
Wéi och bei der d’FLBB ass d’2020’er Saison fir d’Bascol fréizäiteg wéinst dem Coronavirus eriwwer.
De BBC Police felicitéiert dem neien Champion Team-Teaching a schléisst de Championnat als Vize-champion of.
2020 wäert et dann och keen Coupegewënner gi, d’Finale géint Team-Teaching ass och ofgesot.
Traininger sin och bis op weideres ofgesot.
Et gëllt lo fir eis all, sech duerch d’Aschränkung vun de soziale Kontakter solidaresch ze weisen an esou dem Gesondheetssystem beschtméiglech ze hëllefen der Pandemie Meeschter ze ginn!
All eise Memberen an Spiller gëtt eng gutt Gesondheet gewënscht a wann et dann rëm esou wäit ass, rappe mir rëm un!
Wéinst der Infektiounsgefor duerch den Corona Virus sin sämtlech Coupefinalen, also och d’Bascol’scoupefinal, ofgesot. Si ginn zu engem spéideren Zaïtpunkt nogehol.