Géint d’Schoumeeschteren hu mir schwach opgespilt an mat 48:55 verluer. Et huet déi néideg Geféierlechkeet an der Attack gefehlt an eis Aktiounen wären zevill oniwwerluegt an hasseleg.
De Match géint d’Lions hu mir locker 74:37 gewonn. Vu que dat et em näicht méi gong nodems si eng Woch éischter den Spëtzenmatch géint d’BCEE mat 10 Punkten verluer haten, sinn d’Lions mat enger reduzéierter Ekipp ungetrueden.
Den BBC Police waert d’Saison 2022 eppes enttäuschend als 4. an der Bascol Tabell ofschléissen. Félicitatiounen un d’Spuerkees als néien Bascol Champion 2022!
Op Ufro vun der USPE (Union Sportive des Polices d’Europe) huet d’Section sportive « Basketball » vun der Police Grand-Ducale vum 28.2 bis 2. Mäerz een Qualifikatiounstournoi zu Esch Uelzecht organiséiert.
Mat Italien an Holland wären nawell zwee zolidd Géigner invitéiert.
Eis Ekipp huet eng Top Leeschtung bruecht a konnt déi 2 Matcher gewannen. Méi Info hei
Géint d’EY si mir mat enger kompletter an performanter Ekipp en préparation vun den Matcher géint Italien an Holland ugetrueden. Esou gouf et keen Suspense an de Match ass mat 44:81 gewonne ginn.
Och am Match géint d’CFL huet eis Ekipp géint eng ersatzgeschwätzt CFL’s Ekipp direkt vun Ufank un fir kloer Verhältnisser gesuergt an 82:42 gewonn.
Ganz ersatzgeschwächt konnte mir just 5 Spiller fir dëse Match opstellen.
Am éischte Véirel huet eis Ekipp nach gudd dogéint gehaal (20:16), mee lues a lues ass awer „d’Puste“ ausgaang, esou dat et letzendlech eng op 30 Punkten an d’Këscht ginn ass. Endresultat 84:54 fir d’BCEE.