Mat 75:66 ass de lëschte Match vun der Bascolsaison géint d’BIL verluere gangen. Eis Ekipp gët Vize-Champion hannert der CFL, déi mir fir den Championstitel félicitéieren.
Den Ofschloss vun der Saison gouf mat engem flotten Iessen gefeiert.

Flott Brochüre mat Artikeln iwwer d’Geschicht vum Basket, d’Ursprëng hei zu Lëtzebuerg an d’Entstéiung vum Bascol. Liesenswert. Hei de Link
Géint ersatzgeschwächt Lions wär eist Spill am Ufank holpereg an nervös. No der Halschent hued d’Ekipp sech du fonnt: super Passen, flott Konteren an den Kuerf gouf getraff. Esou gung den 3 Véirel mat +8 un eis an de leschte Véirel mat +13!! Duerch des Victoire wärten mir d’Bascolsaison als Vize-Champion ofschléissen.
Déi 1. Halschent waer ganz agréabel unzekucken. Eis Ekipp hued mat flottem Passespill einfach Kierf konne schéissen an dunn schnell een Écart rausgespillt. No der Paus ass dunn awer d’Linn komplett verlueren gang, vill Ballverloscht, desastréis Trefferquote vu baussen a vill onnëtz Fehler. Esou ass de Véirel op 12 Punkte verluer gangen an d’Lux-Ballers wären rem drun. De leschte Véire waer du ganz serréiert an mir waeren just emmer tëschent engem an 3 Punkten vir. D’Lux-Ballers hun zum Schluss keng Nerven behal an verzweifelt Schëss gehol, esou dat mir den Écart konnte sëcheren. Endresultat 62:59
Dank dëser Victoire si mer lo rem Tabellenzweeten hannert der CFL.
Eis Ekipp hued géint den aktuellen Tabellenleader eng gudd Prestatioun geliwwert. Iwwert laang Strecken waer de Match serréiert, am 3. Véierel krut eis Ekipp dunn 9 Punken Avance, mais d’Eisebunner sinn rem e puer Minutten virun Schluss op 55-55 bäi komm. De BBC Police hued sech awer net dovunner beandrocken geloss a konnt zum Schluss nach eng Kéier richteg opdréinen. Endresultat 57-66 fir eis Faerwen.
Samsdes 27.1 hued eis Ekipp un den Eliminatoiren vun der Bascol Coupe zu Nidderanven deelgehol.
Géint d’BNP gouf mat 29-16 gewonn, géint d’Lions eng Défaite (40-27), géint d’EIB eng Victoire mat 22-30 an um Schluss nach eng Défaite mat 34-47 géint d’BCEE. Esou wär vir eis Faerwen virun der Halleffinal Schluss.
An d’Halleffinal koumen d’Post, d’Bil, d’Lions and d’Teachers. D’Finale get den 17/3 an der Coque tëschent der BIL an den Black Lions gepillt.
