2022 USPE Qualifikatiounstournoi zu Esch

Op Ufro vun der USPE (Union Sportive des Polices d’Europe) huet d’Section sportive « Basketball » vun der Police Grand-Ducale vum 28.2 bis 2. Mäerz een Qualifikatiounstournoi zu Esch Uelzecht organiséiert.
Mat Italien an Holland wären nawell zwee zolidd Géigner invitéiert.

No der offizieller Eröffnungszeremonie Dënsdes moies goung et dunn géint d’Hollänner direkt em d’Wurscht.
Eis Ekipp huet eng fantastesch 1. Hallschent gespillt an esou de Grondsteen fir eng onerwaart héich Victoire geluecht 73:45.
Am 2. Match nomëttes huet Holland dunn och nach iwwerraschend 62: 66 géint Italien verluer.
Mëttwochs moies um 8.45H ass et dunn em d’Victoire vum Tournoi an d’Aléisen vum Ticket fir den Qualifikatiounstournoi Ënn Juni zu Limoges géint d’Italiener gaangen.
No enger gudder 1. Hallschent vun Lëtzebuerg sinn d’Italiener awer ëmmer besser an de Match komm an eis Ekipp ass hektesch ginn. Obwuel déi 2. lescht Véierel verluer gaangen sinn, ass et schlussendlech duer gaange fir mat 72:61 ze gewannen an esou den Tournoi ze gewannen.
Felicitatiounen un all eis Spiller an eisen Coaching Staff fir dës TOP Leeschtung!
Merci och un den Comité d’organisation, un den Lycée Technique Lallange fir zur Verfügung Stellen vun der Hall an un eis Direktioun fir un dësem Championnat mat deel kënnen ze huelen.
Nieft dem sportlechen Erfolleg wär et och ganz am Sënn vun der USPE e flott Zesummesinn an een interessanten Austausch mat auslännesche Policekollegen an och eng flott Reklamm fir eise Beruff: verschidde Schüler déi nokucke konnten, wäre begeeschtert.