Gutt géint d’CFL, schwaach géint d’Schoulmeeschter

This image has an empty alt attribute; its file name is Bascol-2021-logo-150x150.png

Géint d’CFL huet eis Ekipp vun Ufank un gutt gespillt, esou dass de Géigner eigentlech ni richteg erukoum an d’Victoire mat 51:65 an d’Réi gaangen ass.

Géint den Team Teaching hu mir weder offensiv nach defensiv geglänzt an esou si déi 2 éischt Véierel mat 21:8 an 18:15 verluere gaange. Wéi dunn op eng méi aggressiv Mann Defense ëmgestallt gi ass an den 3. Véierel mat 12:19 gewonne gouf an et hätt een kënne mengen, mir kéinten d’Blat nach dréinen. Leider ass deen gudden Effort am leschte Véierel net bäigehale gi, esou dat mir schlussendlech mat 64:53 de Kierzeren gezu hunn.

Fazit vun der Hironn: Mat nëmmen 2 Victoiren aus 5 Matcher dach éischter enttäuschend, mee mir wäerte sécherlech an der Réckronn nach een Zant zouleeën. Allez BBC Police!

WordPress Themes