Top Match géint d’BIL gewonn!

 Am éischte Véirel hat eis Ekipp keng Réussite an esou stung et 9:17 fir d’BIL. Den 2. Quarter wär dunn méi ausgeglach an ennert dem Impuls vun engem gudd opgeluegten Loesch stung et an der Halschent 27:34.

Nom Téi ass bei eiser  Ekipp dunn endlech de Kampfgeescht erwächt an d’Réussite  wär endlech och bei eisen aneren Matspiller do, esou dat mir op 1 Punkt virkoumen. Am leschte Véirel wär et dunn dauernd eng ganz enk Këscht. Dem Samy Picard sengen 39 Punkten konnte mir mat enger geschlossener Mannschaftsleschtung begéinen.

Schlussresultat 63:60 an insgesamt gesinn, een attraktive Match mat engem héichen Niveau fir Bascolverhältnisser!

WordPress Themes