Bascolsaison mat Défaite ugefangen
Den éischte Match vun der neier Bascol Saison ass géint d’Lions verluer gang. De Match wär am Ufank op béiden Saïten flott unzekucken. Wann d’Police un de Score rukomm ass, hun d’Lions awer emmer rem een 3er fonnt fir den Écart oprecht ze erhaalen.
No der Paus ass den Niveau allgemeng gefall. Et hat een awer dunn d’Impressioun dat de BBC Police d’Bladd géif dréinen, mee emmer wa mir no drun wären, huet eis Ekipp sech duerch Worfpech vu baussen, onorgansiéiert Attacken an onnéideg „Perte de balles“ sech selwer e Been gestallt.
Esou hun d’Lions um Schluss verdëngt mat 57:70 gewonn.