Näicht ze huelen géint d’Black Lions
D’Lions waeren, am Géigensatz zu eis, vun Ufank un gutt am Match an hun och vu baussen gudd getraff. Mir krutten si defensiv och net besser an de Grëff esou dat et schons zum Schluss vum 1. Véirel 25:11 stung. Am 2. Véirel had een kurzzäiteg d’Impressioun dat eis Ekipp kéint zréckkommen, mee dëst waer nemmen ee Stréifeier. Letztendlech sin mir weiderhin dem Retard nogelaf a konnten d’Rudder nie ëmgeheien. Endresultat: 79:60 fir d’Lions.