Victoire géint den Tabelleleader!

67-63 huet eis Ekipp géint d’Spuerkees gewonn. Déi 2 éischt Véirel wäre mir nach net richteg un an hunn vill vum Biss senger Réussite ënner dem Kuerf gelieft. Am 3. Véirel si mir dunn beim Stand vun 32-30 déi éischte Kéier rem virkomm.
De Match gouf dunn ganz flott unzekucken, déi 2 Saïten hu gudde Basket gewissen an d’Féierung huet dauernd alternéiert. Eis ganz Ekipp huet ugefong un eng Victoire ze gleewen a jiddereen huet gebass a getraff.
Zum Schluss gouf et dunn nach eng Kéier ganz spannend. Eng gescheit Pass vum Yannik op den Tom huet dësem erlaabt e wichtegen Dräier ze setzen, d’Spuerkees huet nach eng Kéier mat 2 Points dogéint gehal. Den Tom gouf nach eng Kéier gefoult an hued souverän mat 2/2 vun der Fräiworflinn alles kloer gemeet.
Top Leschtung vun eiser Ekipp a Mention spéciale un de Biss (mat 26Pts beschte Marqueur vum Match) !

WordPress Themes