Ineffikass géint Team Teaching an „End of Season“ géint d’Lions

Géint d’Schoumeeschteren hu mir schwach opgespilt an mat 48:55 verluer. Et huet déi néideg Geféierlechkeet an der Attack gefehlt an eis Aktiounen wären zevill oniwwerluegt an hasseleg.
De Match géint d’Lions hu mir locker 74:37 gewonn. Vu que dat et em näicht méi gong nodems si eng Woch éischter den Spëtzenmatch géint d’BCEE mat 10 Punkten verluer haten, sinn d’Lions mat enger reduzéierter Ekipp ungetrueden.
Den BBC Police waert d’Saison 2022 eppes enttäuschend als 4. an der Bascol Tabell ofschléissen. Félicitatiounen un d’Spuerkees als néien Bascol Champion 2022!