Saison ass eriwwer!
Wéi och bei der d’FLBB ass d’2020’er Saison fir d’Bascol fréizäiteg wéinst dem Coronavirus eriwwer.
De BBC Police felicitéiert dem neien Champion Team-Teaching a schléisst de Championnat als Vize-champion of.
2020 wäert et dann och keen Coupegewënner gi, d’Finale géint Team-Teaching ass och ofgesot.
Traininger sin och bis op weideres ofgesot.
Et gëllt lo fir eis all, sech duerch d’Aschränkung vun de soziale Kontakter solidaresch ze weisen an esou dem Gesondheetssystem beschtméiglech ze hëllefen der Pandemie Meeschter ze ginn!

All eise Memberen an Spiller gëtt eng gutt Gesondheet gewënscht a wann et dann rëm esou wäit ass, rappe mir rëm un!
Allez BBC Police!