Victoire géint den Tabelleleader BIL!
Eis Ekipp konnt mol rem eng Kéier mat 10 Spiller untrieden an och direkt een gudden Start dohinner léen. D’Trefferquote waer héich am Géigesatz zum Géigner, deen sech en plus nach selwer mat Faute techniquen geschwächt hued. Esou stung et nom éischte Véirel schons 24:8 fir eis.
An der Suite konnt d’BIL eis nie méi eeschthaaft geféierlech gin an de Coach hued d’ganz Ekipp rotéire geloss. Eis Faerwen hun och zäitewäiss flotte Basket mat schéine Passen op de fräie Mann gewiesen.
Endresultat 71: 57. Dës Victoire hued dem BBC Police erlaabt sech rem e bessen vun den enneschten Tabelleplatzen ofzesëtzen, wat dann och der Stëmmung op eisem uschléissender X-mas Dinner net verdrësslech waer.